top of page
woman-3190829.jpg

Nie méi eng Ongenügend

mat Studygoat!

Mathenohellefsvideoen
op letzebuergeg!

STUDYGOAT_LOGO_2 (2).png

Clienten Rezensiounen

IMG_20191115_123829.jpg
IMG_20191115_123924.jpg
IMG_20191115_123858.jpg
Angles
14:22
Quadrilatères particuliers
15:22
Solides et patrons
04:35
Volumes 1
16:50
red.png

Waat ass den Problem?

Den Konzentratiounsmörder

handy.png

Den Handy ass mat een vun den gréissten Problemer vun eiser Gesellschaft. Mir sinn gewinnt all Sekonn den Handy am Grapp ze hunn an well mir ëmmer drop sinn an alles wat mir uklicken direkt opgeet ass eis Gehir net méi gewinnt iwwer eng méi laang Zäitspan konzentréiert ze sinn.

Studien no reduzéiert sech d Konzentratiounsleeschtung schon eleng doduerch dass den Handy an Bleckweit ass! Also mussen mir d Handynotzung erofschrauwen ausser et benotzt een en fir wichteg Saachen wei Karteikaarten Apps oder Studygoat.

Wann een vun der Primärschoul an den Lycée kennt kann et och ganz einfach un der Iwwerfuerderung leien.

Vun engem Moment op den aneren gëtt den Montant un Matière déi op een duer kennt an déi een leieren muss direkt vill méi grouss.

Zudeem hat een virun dass een an den Lycée kennt d grouss Vakanz déi een nach méi aus dem Konzept bréngt!

stressw.png
stressm.png

D'Iwwerfuerderung

OT88JI0.png

?

?

Richteg léieren

Wei leiert een richteg? Dat ass eng Saach déi vill Schüler hautdesdaags net kennen well keen et hinnen bäibruecht huet.

Et kann een net  vun engem Kannt erwaarden wat grad aus der Primärschoul komm ass wou den ganzen Zäit spillen am Kapp huet dass et weess wei een  richteg leiert! 

 

Verschidden Proffen probéieren et den Schüler bei ze bréngen mee bal keen hellt sech wierklech d Zäit ze weisen wei een fir eng Prüfung leiert oder wei een sech d Zäit richteg opdeelt. Et ass méiglech leieren an spillen ënnert een Hutt ze kréien!

Iergendwann kommen d Kanner dann och an d Pubertéit an wei mir all wëssen fänken d Interessen un ze wiesselen an d Loscht eppes aneres ze maachen anstatt ze leieren gëtt ëmmer méi grouss.

D'Meedercher wëllen dann léiwer fir sech sinn an sech mam Handy oder den Frëndinnen ameséieren an d Jongen wëllen Spillen oder dobaussen mat den Kollegen ënnerwee sinn.

17200.png
17854.png

D'Rebellenphase

green.png

Waat ass d' Léisung?

Nohëllef!

handy.png
maxresdefault.png
STUDYGOAT_LOGO_trans.png

Den Handy richteg benotzen

Wann s de den Handy lo benotz fir mat Studygoat ze leieren kanns de en net méi benotzen fir aner Saachen ze kucken well den Video jo leeft. Zudeem ginn et Apps déi een benotzen kann fir sech besser ze konzentréieren.

 

Ech empfeelen d App Forest! Do kanns du beispillsweis 30 Minutten an der App astellen an an dea Zäit planzt du en Bam. Wann s de lo an deenen 30 Minutten op den Handy gees verwälkt däin Bam. Mat der Intentioun d Beem wuessen ze loossen gees de net drop an léis dech dann an dea agestallten Zäit net méi oflenken.

Stress vermeiden an Zäit richteg andeelen

Wei vermeit een den ganzen Stress? Ganz einfach, et muss een sech alles gutt andeelen.

 

Wann een alles Schrëtt fir Schrëtt notéiert wei een un d Matièren drun geet, gëtt aus engem groussen Koup vill kleng Kéip an déi kann een dann Schrëtt fir Schrëtt ofbauen.

O6UYON0.png
2817.png
STUDYGOAT_LOGO_2 (2).png

Léieren léieren

Natierlech ass keen an den Lycée komm an wousst direkt wei een sech d Zäit andeelt an wei een richteg leiert. Dofir gëtt et Studygoat! Ech erstellen dir en Léierplang wou mir d Matièren an Etappen andeelen an en Wocheplang, domat du reegelméisseg leiers awer och vill Fräizäit hues.

 

D Lycéeszäit kann ganz angenehm verlafen wann s du weess wéini Zäit ass fir bëssen ze widderhuelen an wéini Zäit ass fir mat den Kollegen erauszegoen. Alles funktionéiert an Moossen!

D'Rebellenphase miniméieren

D'Rebellenphase kann een natierlech net aus dem Wee goen mee mat vill Gedold an Asiicht kann een dogéint wierken.

 

Zesummenhalt ass heibäi dat wichtegsten, domat d Kanner sech net vernoléissegt oder am Stach fillen well dat schléit sech séier op d schoulesch Leeschtung.

21056.png
fixblue.png
fixred.png

Studygoat Nohellefsvideo

Privat Nohellefsstonn

VS

Mee wat ass dann lo besser? Eng privat Nohëllef oder Nohëllefsvideoen? Mir vergläichen lo mol all d Argumenter déi déi eenzel Parteien opweisen!

Privat Nohellefsstonn

Studygoat Nohellefsvideo

Zeit

Wann den Nohellefsprof Zeit huet

Emmer

Preis

15€ bis 50€/Stonn

35€/Mount

Disponibiliteit

14:00 bis 22:00

Emmer

Qualiteit

Oofhängeg vum mentalen Zoustand

Emmer qualitativ heichwärteg well et Videoen sinn

Quantiteit

1 Thema/Stonn

8 Themen/Stonn, well en Video duerchschnettlech 7 Minuten dauert

STUDYGOAT_LOGO_2 (2).png
file [Konvertiert].png

Wat stecht an engem Nohellëfsvideo?

Hei sinn all d Schrëtt opgelescht!

writing.png

Skripten :

All Video fänkt mat engem Skript un. Dat heescht ech sammelen all d Ideen an Beispiller an schreiwen déi op. Zudeem schreiwen ech op wat ech soen well an halen mech dann do drun domat ech och sécher näischt vergiessen. No villen Nohëllefsstonnen déi ech perséinlech ginn hunn weess ech wat oft net setzt an wourop een ganz genau agoen muss.

mic.png

Stemm ophuelen :

Nodeems ech alles opgeschriwwen hunn, huelen ech mäin Mikro an schwätzen do dran. Oft muss ech fir en Video deen 7 Minutten dauert méi wei 14 Minutten ophuelen well een sech oft verschwätzt oder ech selwer net ganz zefridden ass mat der Qualitéit.

video-camera.png

Video ophuelen :

Bevir ech den Video ophuelen kann muss ech en nach erstellen. Dat heescht ech muss all d Elementer vun deenen ech schwätzen an d Presentatioun maachen an dat dauert oft méi wei 2 Stonnen. Wann déi dann fäerdeg ass muss ech passend zum Toun den Video ofspillen an ophuelen.

video-player.png

Video schneiden :

Nodeems ech lo den Video opgeholl hunn deen zur Stemm passt muss ech déi 2 zesummen an en Programm afügen, domat aus enger Tounspur an engem Video en richtegen Nohëllefsvideo gëtt wous du dann op menger Websäit gesäis. An dëser Phase ginn och déi leschten Feeler behuewen.

upload.png

Upload :

Lo gëtt den fäerdegen Video erop gelueden. Dat geet relativ séier an lo muss ech den Video just nach an déi richteg Playlist afügen an d Beschreiwungen erstellen.

bottom of page